Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Subkulturen: Nohalteg an d'Zukunft

Mat enger Bitzmaschinn huet alles ugefaangen, haut steet zu Esch schonn ee klengt Duerf, de BeNu (ausgeschwat BeNew) Village. An hei dréit sech alles ëm den Up-Cycling, dee vill méi wäit geet, wéi de Recycling. D'Philosophie heescht: Alles, och Offallprodukter kann ee verschaffen an hinne quasi en neit Liewe ginn. An à propos Liewen, de BeNu Village ënnerstëtzt och déi sozial Kohäsioun, grad och an den Escher Quartiere Grenz a Brill.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Chronik - Mam Fliger bei de Kleeschen

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen