Invité am Moies-Magazin

Guy Reger

Am Februar 1969 gouf d'Asbl Amitié Portugal Luxembourg, ofgekierzt APL, gegrënnt. Zanterdeem si 50 Joer vergaangen an zu Lëtzebuerg huet sech villes a punkto Migratioun verännert. Fir déi Responsabel vun der Asbl dann och Zäit den Numm ze änneren an Amitié Plurielle Luxembourg a sech fir d'Zukunft nei opzestellen. Rieds geet mam Invité iwwer 50 Joer APL, den Aktivitéite fir de 50. Anniversaire ze feieren, wéi och iwwer d'Nei-Ausriichtung vun der ASBL. 

Rezent Emissiounen

  • Christiane a Jos Bourg

    Am Kader vum Weltdag vun der Organspend lancéiert protransplant.lu mam Artist Jacques Schneider d'Expo #Liewen. D'Sekretärin an de President vun der Asbl mat Detailer.

  • Carlo Arendt a Claude Sauber

    Zwee Ballongspiloten, déi viru ronn véier Wochen un der legendärer Coupe aéronautique Gordon Bennett deelgeholl hunn.

  • Julie Reuter a Guy Thewes

    Déi zwee Experten a Saache Stater Muséeën maachen Iech d'Zong laang, fir muer den Owend d'Nuit des Musées.

  • Jeannine Schumann

    Eltere ginn ass net schwéier, Eltere sinn ëmsou méi! D'Vertriederin vun der Eltereschoul Janus Korczak erkläert, wat den Ament ë. a. u Course gebuede gëtt.

  • Valerija Berdi

    D'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis ënner d'Lupp geholl.

  • Sylvie Hamus an Anne Bauler

    Kleeder maache Leit - a Leit maache Kleeder: Salon de la couture dëse Weekend zu Koplescht. Detailer vun den zwou Schneiderinnen.

  • Serge Breyer a Steven Pitman

    Zanter 1982 gëtt et schonn en Elvis Presley Fan Club zu Lëtzebuerg an den nächste Weekend gëtt de King jo bal nees lieweg. Detailer vun de Vertrieder vum Fan-Club.

  • Dokter Kerstin te Heesen an d'Enseignante Nora Kneip

    Mataarbechterinnen am SciTeach Center, e Projet vun der Uni Lëtzebuerg, deen de Fondamental a punkto Naturwëssenschaften soll ënnerstëtzen.

  • Josef Wilfling

    De Mordfall Sedlmayer ass enk mat sengem Numm verbonnen: de Josef Wilfling huet jorelaang zu München fir d'Mordkommissioun ermëttelt.

  • Anatoly Karpov

    Eng Schach-Legend zu Lëtzebuerg! Den Anatoly Karpov, iwwer laang Jore Weltmeeschter, huet net eleng duerch seng Rivalitéit mam Gary Kasparov Geschicht geschriwwen.

  • Ulrike Folkerts

    30 Joer laang déi nämmlecht Roll: d'Ulrike Folkerts ass d'Lena Odenthal.

  • Valerija Berdi

    "Eist Zil ass, fir Kultur a Wëssen alle Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, liicht an agreabel zougänglech ze maachen." Monique Kieffer, Directrice vun der Nationalbibliothéik.

  • Den Eugène Prim vun de Solistes Européens

    Concert den Owend an der Philharmonie (Méindeg 30. September 2019) am Kader vun den 30 Joer "Solistes Européens".

  • Astrid Scharpantgen

    Grënnungsmember vun Europa Donna Lëtzebuerg

  • Oliver Mommsen an Dietmar Bär

    Tréinen an den Aen beim Krimi? Dann ass ën entweder ganz schrecklech grausam, oder et war een op der Ofschlossgala vum Krimifestival Tatort Eifel

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Papperlapop

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen