Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Mudam: externe Beroder fir Entspanung vun der Situatioun

De Mudam soll gutt funktionéieren an de Musée fir zäitgenëssesch Konscht soll zur Rou kommen: dëst Zil hu gëschter souwuel d'Kulturministerin Sam Tanson (déi gréng), wéi och déi fréier Ministerin an aktuell CSV-Deputéiert Octavie Modert formuléiert.

Virdrun haten d'Deputéierten aus der Chamber-Kulturkommissioun, op Demande vun der CSV-Fraktioun, Explikatioune vun der Mudam-Directrice Suzanne Cotter kritt, iwwer déi aktuell Situatioun am Musée um Kierchbierg. Mëtt Januar koume jo anonym Kritike vu Säite vum Personal un den Aarbechtskonditiounen am Mudam engersäits an un de Personalentscheedungen anerersäits.

Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen