De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.
Ee Mount, een Thema
Subkulturen: En universitäre Mikrokosmos
Lëtzebuerger Studenten, déi am Ausland studéieren, kënne sech awer wéi doheem spieren. Wa si Member an engem Cercle vu Lëtzebuerger Studente sinn. D'Studentevereenegungen entouréieren den neie Student an hëllefe bei administrativen Demarchen. Mee net nëmmen. Wéi gesot vermëttele Studentencercelen e Gefill vu Gemeinschaft.
Rezent Emissiounen
-
De Japonisme
Grouss a bedeitend Moler wéi Monet, Degas oder van Gogh ware begeeschtert vu japaneschen Estampen an dëst weist sech och an hire Wierker.
-
Japan - Eng grouss Kultur mat groussen Traditiounen
Fir de ekonomesche Boom a Japan an den 60er a 70er ze erklären an ze verstoen, muss een bis an d'19 Joerhonnert zeréckkucken.
-
Digital Subkulturen
Vum Darknet iwwer d'Hacker bis Social Media - Subkulturen am digitale Raum bestëmmen ëmmer méi d'Realitéit.
-
Subkulturen: Gedreemte Welten
Manga a Comic, Science Fiction a Fantasy. D'Bandes dessinées hunn hei am Land nach ëmmer de Status vun enger Subkultur.
-
Musikalesch Subkulturen: Mod - déi britesch Jugend Enn de 50er
Hand geschneidert Kostümer, Vespaen a modernen Jazz
-
Subkulturen: En universitäre Mikrokosmos
D'ACEL, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studente vertrëtt d'Intressie vu 40 Studentecercelen uechter Europa an an den USA.
-
Subkulturen: Nohalteg an d'Zukunft
Nach ass den Up-Cycling ee subkulturelle Phenomen. De Projet vum BeNu-Village wëllt hei de breede Public sensibiliséieren.
-
Musikalesch Subkulturen: Krautrock - Um Wee an eng nei, däitsch Zukunft
Vun 1968 un hunn a ganz Däitschland Museker no enger neier, däitscher Musek gesicht.
-
Subkulturen: De politeschen Underground
Op der Sich no enger politescher Subkultur am Grand-Duché
-
Subkulturen: Cosplay a LARP - aner Identitéiten unhuelen
Cosplay, Costume Play ass eng Figur aus engem Manga oder Comic duerzestellen.
-
Musikalesch Subkulturen: Disco an House - Schwaarz, schwul a stolz drop
Afrikanesch an hispanesch Awanderer danzen an de Clibb zu Chicago an New York op Four to the Floor Beats.
-
Subkulturen: Graffiti - Lifestyle oder Konscht?
Schwätzt ee vu Graffiti, muss een och vun Urban Art oder Street Art schwätzen.
-
Subkulturen: Wat ass eng Subkultur?
Wat definéiert eng Subkultur a wéini hält d'Subkultur op, eng Subkultur ze sinn?
-
Grouss Botz: Krunnewaasser - sécher a gesond
D'Drénkwaasser hei am Land ass eent vun de sécherste Liewensmëttel. Mir beliichten de Produktiounsprozess.
-
Grouss Botz: Eng propper Stad
D'Missioune vum Service Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg sinn divers: Vun der Müllabfuhr iwwer d'Botze vum Espace public bis zur Integratioun vu Mënsche mat engem Handicap.
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen