Chronik

Aktuell Sujeten aus Lëtzebuerg, Europa an der Welt

Kultur-Chronik: Leaving Neverland

"De Michael Jackson huet mech siwe Joer laang sexuell mëssbraucht" - dat seet de Wade Robson direkt am Ufank vum Documentaire "Leaving Neverland". De Film suergt zanter senger éischter Diffusioun virun zwou Wochen op der amerikanescher Tëlee fir Opreegung. Wat ass drun, un den neien Aussoen iwwer de King of Pop, a wéi geet een domat ëm? De Chef vun der Museksredaktioun Yves Stephany huet sech Gedanke gemaach.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen