Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

E Bléck op de B-Radio

Dëse Sonndeg ass et erëm esou wäit. An der drëtter Editioun vum B-Radio sinn d'Kult-Plazen zu Lëtzebuerg d'Thema vun der 100,7 Equipe ronderëm de Michel Delage.

Dir wësst net, wat de B-Radio ass? Den Yves Stephany huet beim Valerija Berdi nogefrot, ëm wat et bei dëser anerer Radiosemissioun geet.

 

Rezent Emissiounen

  • Walfer Bicherdeeg

    Fir déi 25. Editioun invitéiert d'Gemeng Walfer de 16. an de 17. November op Walfer a proposéiert e vilfältege Programm. Ënner anerem ass nees e bekannten Auteur invitéiert.

  • Den Daniel Wagener a säin "Dispositif(s)" op der Art Week

    Den Daniel Wagener huet an de Victor Hugo Halen eng Foto-Konschtinstallatioun opgeriicht, déi vum Public och als Atelier genotzt ka ginn.

  • Nei Filmer

    Eng breetgefächert Film-Offer, déi vun der Schluecht vu Midway iwwer eng Rees an d'Zombieland bis bei déi griichesch Finanzkris féiert. 

  • Filmkritik: Doctor Sleep

    Wat ass vun der Suite vum Stanley Kubrick senger Stephen King Verfilmung "The Shining" ze halen? D'Kritiker vum Grousse Kino hunn eng relativ eendeiteg Meenung.

  • "D'Finanzleit an d'Acteuren hunn d'Muecht beim Film iwwerholl"

    De franséische Realisateur Jacques Doillon iwwer d'Schwieregkeet, nach usprochsvoll Filmer kënnen ze dréinen, iwwerbezuelt Acteuren an de Manktem u Virwëtz vum Publikum.

  • Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"

    En dystopesche Roman, deen der Realitéit ganz nokënnt.

  • Filmkritik: Sorry We Missed You

    Mat engem weideren zolitte Sozialdrama informéiert den englesche Cineast Ken Loach iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklungen a Groussbritannien.

  • DOK Leipzig

    Sou heescht dee gréissten däitsche Filmfestival, bei deem Documentaire- an Animatiounsfilmer aus der ganzer Welt gewise ginn.

  • Filmkritik: The King vum David Michôd

    Oder den nächste Versuch, Shakespeare mat engem nächste Beau gosse nees lackeleg ze maachen.

  • Spezial: Frankfurter Buchmesse

    Eng kleng Visite op der gréisster Bicherfoire vun der Welt

  • Verlängerung vun der Superjhemp-Expo am Mierscher Literaturhaus

    Am CNL gëtt d'Ausstellung iwwer d'Geschicht vun der bekanntster BD zu Lëtzebuerg nach emol bis den 31. Januar 2020 verlängert.

  • D'Susanne von Borsody liest d'Frida Kahlo

    D'Actrice gëtt mat hirer aussergewéinlecher Stëmm dem Mythos Kahlo eng nei an onverfälschten Dimensioun.

  • "Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"

    Esou war de Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO de 7. Oktober iwwerschriwwen. E Fuerschungsprojet vun der Uni beschäftegt sech mam Thema.

  • Musek op Allerhellegen

    Mir proposéieren eng nei Emissioun, wou mir der Fro noginn, wéi Feierdeeg an der Musek verschafft goufen. Lass geet et muer mat Musek op Allerhellegen.

  • Den Hierschtsalon vum CAL

    Den redaktionnellen Hierschtsalon vum CAL gëtt jonk: vun de 46 selectionnéierte Kënschtler sinn der zéng ënner 35 Joer; dat ass Rekord.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen