Did Schintgen
De Samschdeg 15. Juni ass um Knuedler déi zéngten Editioun vum Intra Urban Youth Dance Festival, een Danzfestival fir jonk Amateur Dänzer. Aschreiwunge fir mat op der Bühn ze danze gi bis den 1. Abrëll 2019 entgéintgeholl. Och wann et nach ee gudde Strapp dauert bis déi Jonk op der Bühn aktiv sinn, ass et elo, déi lescht Deeg, wou sech Jugendhaiser nach kënnen aschreiwen. Interessant e Bléck op déi éischt néng Editiounen, wéi och schonn en Ausbléck op déi zéngten Editioun ze geheien.