Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

E musikalesche Virreider

"Ma vie est un roman qui m'intéresse beaucoup" - u Selbstvertrauen huet et dem Hector Berlioz net gefeelt. Musikalesch hat de Komponist och all Ursaach, sengem Kënnen an Talent ze vertrauen. Et war op alle Fall déi richteg Decisioun, de Medezinstudium opzeginn a sech ganz der Musek ze widmen. Mat senge spektakuläre Wierker wéi dem monumentale "Requiem", der héichromantescher "Symphonie fantastique" an dem Drama "La Damnation de Faust" huet de Berlioz nei Jalone gesat. De Guy Engels kuckt zesummen mam Berlioz-Kenner Jean-Paul Bettendorff  zeréck op de Komponist a Literat Hector Berlioz, dee virun 150 Joer gestuerwen ass.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • ZäithistorikerIn - Befreien a bändegen

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen