Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Resonanzen - Bach in the Subways

Den 21. Mäerz 2010 sëtzt den Cellist Dale Henderson an enger Metrosstatioun zu New York a spillt Bach. Et dauert net laang, an de Museker fënnt Kolleegen, déi matmaachen. Aus där spontaner Aktioun huet sech bannen e puer Joer eng international Initiativ ronderëm de Gebuertsdag vum Thomaskantor entwéckelt: Bach in the Subways. Antëschent ass och Lëtzebuerg vum Bach-Virus ugestach, an de radio 100,7 ass dëst Joer Deel vu Bach in the Subways. D'Anne Clement (Blockflütt a Viola da Gamba) spillt live, mir presentéieren een neien Bach-Disque mam Organist Olivier Latry, an d'Coordinateuren vum Projet si Gäscht am Studio.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen