Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Resonanzen - Bach in the Subways

Den 21. Mäerz 2010 sëtzt den Cellist Dale Henderson an enger Metrosstatioun zu New York a spillt Bach. Et dauert net laang, an de Museker fënnt Kolleegen, déi matmaachen. Aus där spontaner Aktioun huet sech bannen e puer Joer eng international Initiativ ronderëm de Gebuertsdag vum Thomaskantor entwéckelt: Bach in the Subways. Antëschent ass och Lëtzebuerg vum Bach-Virus ugestach, an de radio 100,7 ass dëst Joer Deel vu Bach in the Subways. D'Anne Clement (Blockflütt a Viola da Gamba) spillt live, mir presentéieren een neien Bach-Disk mam Organist Olivier Latry, an d'Coordinateure vum Projet si Gäscht am Studio.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen