Chronik

Aktuell Sujeten aus Lëtzebuerg, Europa an der Welt

Ganz Washington waart op Conclusiounen an der Russland-Enquête

Scho bal zwee Joer laang schafft de Spezial-Enquêteur Robert Mueller un der sougenannter Russland-Enquête. De fréiere Chef vum FBI soll erausfannen, ob d'Trump-Wahlequipe mat Russland zesummegeschafft hat fir d'Presidentschaftswahl 2016 ze gewannen. Bal zwee Joer laang huet dës Enquête dat éischt Mandat vum Donald Trump dominéiert. D'Waarden op dës Conclusioune kéint geschwënn endlech eriwwer sinn. Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen