Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Leitkultur

Wei kann en Zesummeliewen am beschte fonctionnéieren? De Begrëff vun der Leitkultur sollt eigentlech eng Äntwert op déi Fro ginn. Mee de Begrëff selwer werft och Froen op an ass net ganz onproblematesch. Wat verstoppt sech dohannert? Eng Analys vum Thomas Koenig.

Rezent Emissiounen

  • Firwat Politik?

    Eng Analys vun der Fro, firwat Politik iwwerhaapt gutt ass a firwat dat mech soll interesséieren?

  • Si mir, wat mir iessen?

    Dat, wat mir iessen, mee och säin Ursprong, seet net nëmmen eppes iwwer eise Menü aus, mee och iwwer eis Bezéiung zur Ëmwelt.

  • Sträitkultur

    Hunn mir als Gesellschaft verléiert richteg mateneen ze streiden? Wat verréit eis Sträitkultur iwwer eis an eis Gesellschaft?

  • Den Doud feieren?

    Den Doud ass en eescht Thema fir vill Leit, an en huet e groussen Afloss op den Alldag an op mënschlech Kulturen. Mä kann een dat Thema net anescht ugoen?

  • Wat ass eng lëtzebuergesch Identitéit?

    Mat Hëllef vun engem Bild, engem Gedankenexperiment soll gekläert ginn, wat haut Identitéit ass a wéi dëst d'Thema zu Lëtzebuerg kéint geduecht ginn.

  • Si Wahlen ondemokratesch?

    Si Wahlen demokratiefeindlech? Wann net, firwat ginn dann ëmmer manner Leit wielen? A wa jo, firwat? A wat wär d'Alternativ?

  • Ass all Problem wierklech een?

    Alternativ Fakten, moralesch Panik, Ënnergang vun eiser Zivilisatioun, oder einfach Manipulatioun a Stëmmungsmache?

  • D'Schoul an d'Gesellschaft

    Fir wat ass d'Schoul do? Fir datt mir eppes léieren? Fir datt dat klappt, muss d'Schoul dann net awer och vun der Gesellschaft eppes erwaarde kënnen?

  • Total Aarbecht

    Wa mir just nach schaffen, verpasse mir alles, wat eisem Liewen e Sënn gëtt. E philosophesche Plädoyer fir d'Summervakanz.

  • Seng Vakanz sënnvoll verbréngen

    Eng Analys vum Konzept vun der Vakanz an eng Diskussioun, op eist Verhältnis zur Vakanz net duerch eis Approche zur Aarbecht gesteiert gëtt.

  • Musikalesch Improvisatioun

    Vergänglechkeet an d'Ästhetik vun der Imperfektioun.

  • D'Philosophie vum Nondidjëft

    Mir brauchen eng Sproochphilosophie vu schlëmme Wierder.

  • E Liewen ouni Doud?

    D'Méiglechkeet, den Doud dank Fuerschung ze iwwerwannen, stellt de Mënsch net nëmme viru Medizin-ethesch Froen, mee och virun d'Fro vum Sënn vum Liewen.

  • Examen

    Examen sinn eng Belaaschtung fir all Mënsch. An net all Mënsch ass där Belaaschtung gewuess. Musse mer d'Examen also net ofschafen?

  • Tëscht Kaméidi a Silence

    Musek, organiséierte Klang, an den John Cage mat senge 4 Minutten 33 Sekonnen.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen