Een Thema, e Buch

Michel Delage Valerija Berdi

Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Saleem Haddad - Guapa

Den Saleem Hadda beschreift a sengem Debut-Roman "Guapa" 24 Stonnen aus dem Liewe vun der jonke Rasa. Eng rasant Geschicht, wou d'Gefiller, d'Politik, d'Sich no der Identitéit, Erënnerungen, Ängschten an d'Léift, déi grouss Rolle spillen. E Roman, deen d'Valerija Berdi presentéiert.

 

Rezent Emissiounen

  • Hunter S. Thompson: "Hell's Angels"

    Een nach onbekannte jonke Schrëftsteller sollt 1967 mat sengem Buch iwwer déi kalifornesch Motorradgang seng Carrière als Gonzo-Journalist lancéieren.

  • Gérard de Cortanze - Zazous

    Et gouf vill Manéieren den Nazien d'Stier ze bidden. Eng dovu war déi vun den "Zazous", matten am besate Paräis ...

  • Mécht de Begrëff "Subkulturen" nach Sënn?

    Zwee italienesch Soziologe fanne "Lifestyle" hautdesdaags méi gëeegent fir gewësse sozio-kulturell Praktiken ze beschreiwen.

  • Ulrike Moser -Schwindsucht

    Eng Rees an déi kulturell Geschicht vun der Tuberkulos am däitschsproochege Raum

  • Seef a "Zivilisatioun"

    Eng Biographie iwwer den engleschen Industrielle William Lever beliicht den Zesummenhang tëschent Hygiene, den Ufänk vum Massekonsum an dem Kolonialismus.  

  • Louis-Ferdinand Céline - Semmelweis

    "Voici la triste histoire de P.I. Semmelweis, né à Budapest en 1818 et mort dans cette même ville en 1865." 

  • Eng hygienistesch Utopie

    A sengem Roman "Les Cinq Cents Millions de la Bégum" huet de Jules Verne eng ideal Stad entworf, déi sech géint eng Militärdiktatur muss behaapten.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen