Chronik

Dem Robert Mueller seng Conclusiounen aus der Russland-Enquête

No enger Enquête, déi bal zwee Joer gedauert huet, sinn dem Spezial-Enquêteur Robert Mueller seng éischt Conclusiounen an der Russland-Enquête e Sonndeg endlech public gemaach ginn. Den Donald Trump a seng Wahlequipe hunn net mat Russland zesummegeschafft fir d'Wahlen 2016 ze gewannen. Den Trump selwer seet, hie wier total fräigesprach. Dat ass zwar net wouer, mee den Trump an d'Wäisst Haus sinn trotzdem als Gewënner ervirgaangen. Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen