
Yves Claude
Scho 25 Joer laang geet de Yves CLAUDE der Geschicht vun de Lëtzebuerger Brauereien no. D'Resultat vu senge Recherchen ass net nëmmen am Musée d'Histoire de la Brasserie de Diekirch erëmzefannen, ma och a sëllege Katalogen, Brochuren a Bicher, déi hien an de leschten 10 Joer publizéiert huet. "Theodor Gansen. Un brasseur allemand à Fels et Eich" iwwerschreift sech déi neisten Publikatioun vum Yves CLAUDE vun der Associatioun "Musée brassicole des deux Luxembourg". Als Invité vum Moiesmagazin huet hien erzielt, wéi hien - ënner anerem - un déi sellegen Informatiounen iwwer d'Geschicht vun de Lëtzebeuzrger Brauereien eru kënnt, a wat an deen neien, geplangten Brauerei-Musée soll kommen.