Invité am Moies-Magazin

Lénks de Corneille-Lentz-Tryptique, riets d'Restauratrice Marie-Pauline Streb a Gisèle Reuter

Gisèle Reuter a Marie-Pauline Streb

D'Villa Vauban presentéiert den Ament mat der beandrockender Expo "plakeg!" Vertrieder vun enger neier Aktmolerei ëm 1900, vu Lovis Corinth bis Auguste Rodin. Et gëtt natierlech och eng lëtzebuerger Sektioun. An der entdeckt dir en Eva-an-Adam-Tryptique vum lëtzebuerger Moler Corneille Lentz. Corneille Lentz? Jo, dee war an de Vergiess geroden. Mee d'Gisèle Reuter an d'Marie-Pauline Streb wëllen hien nei glänze loossen. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat den 2 Konschtrestauratricen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen