Invité am Moies-Magazin

Tim Krier an Tom Roller

Eng Lëtzebuerger Internet-Plattform an englescher Sprooch op deem Perséinlechkeeten aus verschiddenen Beräicher wéi Sport, Konscht, Musek asw. presentéiert ginn, dat ass an e puer einfache Wieder de Projet mat deem 2 jonk Studenten Ufank Mäerz den éischte Präis kruten bei der 8. Editioun vum Concours "Young Enterprise Project". Iwwert de Projet "Luxembourg. The People", sou de Numm vun där Internet-Plattform, iwwert d' Zukunftsperspektiven wéi och iwwert déi 2 Studenten selwer geet haut riets mat den Invitéeën am Moies-Magazin.

Rezent Emissiounen

  • Sarah Mathieu

    D'Coordinatrice vum Leader Bureau Lëtzebuerg West erkläert, wat esou extra ass un de Gemenge Garnech, Simmer, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

  • Claude Briade an Anthony Jacopucci

    Den Direkter fir Kommunikatioun an de Responsabele fir d'Kollekt vun de Fonge bei Handicap International Lëtzebuerg Iwwer d'Aktualitéit an de Concert Beat the Blast

  • Frank Wolff

    De Frank Wolff, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung, erkläert die nei Panneauen die national Naturschutzgebidder uweisen.

  • Jo Goergen

    Vu Beruff Architekt an Urbanist, schafft hien zanter e puer Joer am Natur- a Geopark Mëllerdall, haaptsächlech als Coordinateur vum Interreg-Projet Dréchemaueren.

  • Heinz-Peter Hoffmann

    De Matgrënner a Leeder vum Festival Tatort Eifel erzielt, wat fir déi zéngt Editioun geplangt ass.

  • Marcel Gengler

    De Beienziichter hat d'Iddi fir d'Asbl Eis Beien ze grënnen.

  • Mathieu Schiltz

    De Mathieu Schiltz ass Kehlkappsänger, Philosophiestudent an der Mongolei a Sportler, mat der Ambitioun eng Equipe fir d'Nomadic Games 2022 op d'Been ze setzen....

  • Steve Kayser

    Muer fänkt déi 679. Editioun vun der Schueberfouer un. Wou kënnt Fouer hier a wéi huet se sech entwéckelt. Äntwerten dorop huet den Historiker a Fouerexpert.

  • Marc Rettel

    De Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse ass a Virbereedung. De Coordinateur vum Lëtzebuerger Stand am Gespréich.

  • Brigitte Michaelis & Dr. Yann Gorges

    D'Responsabel fir Kommunikatioun vu Médecins du monde an ee vun den Doktere vun der Welt iwwer hir Summercampagne En été.

  • Nancy Braun

    Nach bis den 31. Dezember 2019 kënne Propose fir Projete fir d'Kulturjoer 2022 agereecht ginn, sou d'Directrice vun Esch 2022.

  • Frédéric Haupert

    10 Joer Solidaritéit an Hëllef dofir steet CARE Lëtzebuerg. Wat do hannendru erkläert den Direkter vun der ASBL.

  • Robert Hall

    Viru 50 Joer war de Woodstock-Festival. Dräi Deeg, an deene Museksgeschicht geschriwwe gouf. Eisen Invité war als 20-Järegen deemools dobäi.

  • Bob Bertemes

    De Liichtathlet huet viru Kuerzem mat 22 Meter 22 en neie Landesrekord am Bommstousse realiséiert. Hie steet op Plaz sechs vun de Weltbeschtleeschtungen.

  • Barbara Gorges-Wagner

    Nolauchteren ass ganz dacks eng vill méi grouss Hëllef, wéi ee kéint unhuelen. Invitée ass d'Barbara Gorges-Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen