Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Europaparlament: Roserei géint Brexiteers

Vum Brexit hu net nëmmen a Groussbritannien vill Leit d'Nues voll. Och am Räscht vun Europa huet een es deels genuch vun deem politeschen Hin an Hier. Zum Beispill am Europaparlament, wou gefart gëtt, dat de Brexit kéint d'Wahlkampagne dominéieren, déi lues a lues uleeft. Allerdengs ass grad d'Europaparlament déi Plaz, wou europäesch Deputéiert op britesch Parlamentarier treffen, an direkt matteneen diskutéieren. Dat féiert zu deels hëtzegen Debaten - wéi zum Beispill gëschter zu Strosbuerg.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen