Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

The King Shall Rejoice

"The King Shall Rejoice" - feierlech englesch Barockmusek steet um Programm vum Ofschlossconcert vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette e Sonndeg (31.3.2019) an der Porkierch zu Lëntgen. "Les Goûts réunis" an den Ensemble vocal du Luxembourg interpretéiere Wierker vu Fux an Händel.

Rezent Emissiounen

  • Pavarotti

    Den Documentaire iwwer den italieneschen Tenor leeft elo an de Kinoen zu Lëtzebuerg.

  • Lux et Umbra

    Concert mam Ensemble vocal du Luxembourg am Kader vum 175. Gebuertsdag vun der Maîtrise

  • Déi weltlech Vokalmusek vum Laurent Menager

    Am Kader vun enger Séance académique interpretéiert de Fränkischer Sängerbund Lieder vum Komponist a setzt se an hiren zäitleche Kontext.

  • Zwou Pianistinne fir ee Piano

    Concert mat der Annie Kraus an der Lynn Orazi, Enseignanten am Escher Conservatoire 

  • En Orchester fir déi ganz Stad

    De Philharmoneschen Orchester Tréier feiert säin 100. Anniversaire.

  • D'Kinnigin vun der Nuecht als Patientin

    D'Classe d'art lyrique vum Stater Conservatoire proposéiert dem Wolfgang Amadeus Mozart seng "Zauberflütt" op eng originell Aart a Weis.

  • E musikaleschen Aperitif an eng Frell

    Beim éischte vun insgesamt sechs Concerts Apéritif steet dem Franz Schubert säi "Forellenquintett" am Mëttelpunkt.

  • 20 Joer Ensembel Lucilin

    De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kuckt optimistesch an d'Zukunft.

  • En neit Departement fir al Musek?

    D'Iwwerreechung vun enger Barockgei kéint den zaarten Ufank vun engem Departement fir Al Musek am Stater Conservatoire sinn.

  • Vox Clamantis

    Den Ensembel a säi Chefdirigent Jaan-Eik Tulve sange bei den Dimanches du Chant Grégorien an der Abtei zu Klierf.

  • ÜberBach

    De Sebastian Knauer an de Pascal Schumacher haut den Owend an der Philharmonie

  • Eng Museksdegustatioun

    D'Anne-Catherine Bucher invitéiert de Publikum ronderëm den Cembalo fir d'Barock-Musek op eng nei Aart a Weis kennenzeléieren.

  • Mozart an Tango am Barrio 31

    E Projet vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre zu Buenos Aires

  • Fir d'éischt déi Kleng, dann déi Grouss

    No engem Loopino-Projet kënnt de Goldmund-Quartett an der Serie Rising Stars an d'Philharmonie.

  • Saudades

    Déi nei CD vum Romain Nosbaum

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen