Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

25 Joer 100,7: Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg

De Gros vun de lëtzebuerger Kënschtler, déi hier Aarbecht op der Konschtbiennale vu Venedeg ausgestallt hunn, hunn duerno vun dëser Präsenz profitéiert. Sou zum Beispill d'Su-Mei Tsé, 2003 iwwerraschend d'Lauréatin vum gëllene Léiw fir de beschte Pavillon. Ëmgedréint krut doduerch de Grand-Duché um internationale Plang méi Visibilitéit. Zanter den Ufäng vum radio 100,7, also zanter gutt 25 Joer, berichte mir iwwert d'Biennale vu Venedeg. D'Kerstin Thalau huet am Archiv d'Opnamen erausgesicht. 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen