Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

"Le rêve d'un monde ailleurs"

D'ASTM an SOS Faim kréien 50 respekiv 25 Joer e laange Wee mat vill Aarbecht läit hannert den zwou Assosciatiounen, mä d'Aarbecht ass nach net um Enn. Fir dës Anniversairen op eng besonnesch Manéier ze feieren, invitéieren béi d'ONG den Owend vun halwer 8 un am Sall Ronert Krieps am Centre culturel Neimënster am Stadgronn op e ganz besonneschen Theaterowend. Eng Klass d'Acceuil aus dem Lycée Technique vu Bouneweg weist e ganz poetescht Stéck mam Titel "Le rêve d'un monde ailleurs" an dem Théâtre-Action "ARCAN" aus dem Burkina-Faso weist e Stéck an deem si sech mam Exil beschäftegen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen