Invité am Moies-Magazin

Angèle Mersch

De Bauerenhaff ass traditionell um Land. Mee et ginn och Ausnamen, zwar nëmme fir eng kuerz Zäit. Dëse Weekend, 6. a 7. Abrëll ass een "Bauerenhaff an der Stad", méi genee op der Place de la Constitutioun, also bei der Gëlle Fra. Wat huet et domadder op sech? Wat gëtt dem interesséierte Public gebueden? Doriwwer an nach méi geet riets mam Invité am Moies-Magazin

Rezent Emissiounen

  • Tom Streicher & Serge Simon

    Den Tom Streicher ass President vun der ASBL Radioorganisatioun Miedernach. De lokal-regionalen Radio ROM huet säi 25. Anniversaire gefeiert.

  • Yves Steichen

    Den Auteur vun enger Biografie iwwer den Acteur, Sänger an Enfant Terrible Thierry Van Werveke

  • Paul Thiltges a Joerg Altekruse

    Youth4Planet - Bildung fir Nohaltegkeet

  • Armand Logelin

    Vum Déifferdenger Volleksbilungsveräin bis zum Centre Culturel, den Armand Logelin erënnert u 50 Joer Zesummenaarbecht mam Cornel Meder.

  • Florence Reckinger

    D'Presidentin vun der Asbl Lët'z Arles, déi Lëtzebuerger Fotografen op d'Rencontres de la Photographie d'Arles bruecht huet.

  • Finny Cazzaro

    D'Finny Cazzaro huet hiren zweete Roman "Licht und Schatten" erausginn. Eng spannend Geschicht, déi si mat hiren 99 Joer geschriwwen huet.

  • Monika Jakobs a Liane Felten vum Maacher Kulturhuef

    An hirer 18. Saison, am Kader vum Gutenberg-Joer, presentéieren d'Maacher vum Maacher Kulturhuef déi nei permanent Expo "gutenberg revisited".

  • Pierre Gricius

    De Josy Barthel huet zu Helsinki Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. Mam Auteur vu senger Biographie geet rieds iwwer de Lëtzebuerger Ausname-Sportler an déi Olympesch Spiller.

  • Valerija Berdi an Nathalie Bender

    Wat bleift vum amerikaneschen Dram?

  • Guy Arendt

    De Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt zitt en éischte Bilan vun de Kulturassisë vum Weekend mat notamment der Presentatioun vum Kulturentwécklungsplang.

  • La saison des festivals belges!

    Les festivaliers sont dans les starting blocks. Le marathon estival commence dès la semaine prochaine en Belgique avec près de 15 festivals à l'affiche.

  • Carole Lorang

    Mat der Presidentin vun der Theaterfederatioun an neier Directrice vum Escher Theater geet rieds iwwer d'Revendicatioune vun der Theaterfederatioun an d'Zukunft vum Escher Theater.

  • Alain Mabanckou

    Lescht Woch war de franséischsproochege Schrëftsteller mat afrikaneschen Originnen zu Lëtzebuerg.

  • Myriam Sunnen a Claude Conter

    Texte & Image Dialogues / Schrift und Bild Dialog. Déi nei Ausstellung am CNL zu Miersch ass op.

  • Eugénie Anselin an Antoine Morin

    Deen neiste Spektakel vun der Actrice an dem Metteur en scène "Wow" huet den Owend am Kasemattentheater Première.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen