Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

"La température monte": d'Olivia Boudreau am Casino

D'Olivia Boudreau an d'Fro vun der Perceptioun

Nach bis e Sonnden inclus presentéiert de Casino an der Ënneschtgaass déi kanadesch Expo "buveurs de quintessences". Den Titel staamt aus dem Beaudelaire-Gedicht "Perte d'auréole", an deem de Statut vum Kënschtler, jo d'Konscht usech wéi och de Begrëff vum Vide, a Fro gestallt ginn. Déi kanadesch Kënschtlerin Olivia Boudreau beschäftegt sech zanter Joere mam Vide. Fir d'Expo am Casino ass si extra vu Montreal op Lëtzebuerg komm. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, der Olivia Boudreau e puer Froen ze stellen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen