94 Prozent vun de Lëtzebuerger hunn ee Smartphone. 2017 goufe weltwäit ronn 1,8 Milliarde portabel Telefone verkaf. D'Grenz vun dräi Milliarde Mobilfunk-Benotzer weltwäit soll an zwee bis dräi Joer iwwerschratt ginn. Net méi laang, da steet och nees eng nei Mobilfunk-Generatioun an d'Haus.
Lëtzebuerg wëllt bei der Exploitatioun vu 5G eng Virreiderroll spillen. De Claude Faber beliicht d'Entwécklung vum Mobilfunk, weltwäit an zu Lëtzebuerg a gëtt en Ausbléck op zukünfteg Technologien.