Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

The Young Lions - Den Nowuess am Jazz zu Letzebuerg

Wann een hautdesdaags decidéiert, Jazz studéieren ze goen, da gëtt een net méi wéi nach virun 30 Joer grouss ugekuckt a gefrot: "A wat wëlls de spéider schaffen?" Dat beweise vill Museker an der faarweger lëtzebuergescher Jazzlandschaft, déi dee Wee mat Succès gaange sinn. Dat inspiréiert awer och jonk Talenter sech op déi Schinn ze setzen. Sou och de Batteur Luca Pedana an de Gitarrist Etienne Grüness, déi sech allen zwee am Moment op deene verschiddene Conservatoiren ugemellt hunn an der Hoffnung, ënnerdaach ze kommen a sech intensiv kënne just op d'Musek ze konzentréieren. Si schwätzen iwwer hier Influenzen an Iddien, am Gespréich mam Pit Dahm a Pol Belardi.

Rezent Emissiounen

  • Retrouvailles

    Nei Release vun alen Opnamen ...vun John Coltrane, Stan Getz a Mark Turner. An en al Bekannten ënner neier Form: den Eric Lewis Piano Solo Debut.

  • Gaume Jazz Festival 2019

    E flotte summerleche Festival an der Belsch an eng CD Release vum Alexi Tuomarila
     

  • Dem Pit Dahm säin zweeten Album

    Weider Themen: De Pol Belardi an de Pit Dahm um Blues'n Jazz Rallye 2019. De Saxophonist Donny McCaslin am Interview.

  • David Hoffmann

    Net Musek studéieren heescht net onbedéngt, datt een net awer ka vill spillen. Den Jazz-Batteur a Vibraphonist erkläert, wéi et geet.

  • EchterLive & Blues Express

    Zwee grouss Rendez-vousen am Summer fir Jazz Cross-over a Blues

  • Jazzpote zu Thionville

    Zanter 15 Joer gëtt et de Festival hei vir a Frankräich. En Interview mam Direkter Christian Schott a Musek vu sëllechen Artisten, déi dëst Joer do spillen.

  • Jazz@the Phil 2019/2020

    D'Philharmonie, och d'Haus vum Jazz

  • Like a Jazz Machine a Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman

    Nieft dem Festival Like a Jazz Machine war op derschmelz den 2.6.2019 nach e Leckerbissen ze héiere mat RDW featuring Joshua Redman.

  • Like a Jazz Machine

    Mam Mikro um Like a Jazz Machine zu Diddeleng. Interviewen a vill nei Musek stinn um Programm.

  • Dock in absolute - Zweeten Album: Unlikely

    An de Chris Potter bréngt e weideren Opus ënner dem Titel "Circuits" op de Maart. Den Agenda a punkto Jazz.

  • Zwou CD Releasen a vill Concerten am Land

    De Marly Marques 5tet an den Album "Sea Change". De Liberati Quartet an den Album "Countertime".

  • Wéi een Jazz lauschters du?

    "Ech lauschteren am Fong keen Jazz" ass eng Ausso, där hir Dosinnsberechtegung mir haut erfuerschen. E Blindfoldtest mat uschléissender Diskussioun.
  • Stacey Kent / Marly Marques 5tet

    D'Stacey Kent kënnt an de Casino 2000. De Marly Marques Quintet sinn als Artists in Residence am Lika a Jazz Machine zu Diddeleng.

  • Concerte mee och Artists in Residence zu Diddeleng

    D'Trombonistin Reut Regev's R Time an de Pol Belardi am Gespréich.

  • Like a Jazz Machine under New Management

    D'Patricia Jochheim presentéiert déi 8. Editioun vum erfrëschendsten Jazz Festival am Land, vum 16.-19. Mee am Centre Culturel opderschmelz zu Diddeleng.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen