Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Luc Frieden

Iwwer de Luc Frieden ass an leschte Jore vill geschwat ginn, hie selwer huet een awer nëmme seelen héieren: 2014 huet de laangjärege Minister sech no engem Joer an der Oppositioun aus der Chamber, an domat aus der nationaler Politik zréck gezunn. Zënterhier huet hien ni als deklaréierte Kandidat offiziell e Comeback probéiert, ma e war awer fir vill Posten am Gespréich. Dee vläicht iwwerraschendsten huet en elo kritt: gëscht ass de Luc Frieden als neie President vun der Chambre de Commerce nominéiert ginn.

Rezent Emissiounen

  • Lydie Lorang

    No iwwer fënnef Joer Paus kéint de Bommeleeër-Prozess nei opgerullt ginn. Ass elo Opklärung a Siicht ass? Dat froe mir d'Affekotin vun engem Beschëllegten.

  • Leo Wagener

    Den Äerzbëschof kritt deemnächst Ënnerstëtzung vun engem Weibëschof an engem zousätzleche Generalvikar. Mir froen den zukünftege Weibëschof, firwat dat néideg ass.

  • Georges Bach

    No zéng Joer am Europäesche Parlament huet den CSV-Europadeputéierten a Gewerkschaftler e Schlussstrëch ënner seng politesch Carrière gezunn.

  • René Pizzaferri

    Mam President vun der Patiente Vertriedung schwätze mir iwwer aktuell Sujeten an der Gesondheetspolitik.

  • René Winkin

    Mir froen den Direkter vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, wisou ëmmer erëm Industrie-Projete wéinst hirem Impakt op d'Ëmwelt a Fro gestallt ginn.

  • Joel Delvaux

    Mam Stater Gemenge-Conseiller vun déi Lénk schwätze mir iwwer den ëffentlechen Transport fir Leit mat Handicap.

  • Myriam Welschbillig

    Mat der Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch geet rieds doriwwer, wéi d'Lëtzebuerger Sprooch an der neier Verfassung festgehale soll ginn.
  • Marc Fisch

    Wéi ginn d'Baueren mat der momentaner Dréchent ëm a wéi wëlle si sech laangfristeg opstellen? Doriwwer geet rieds mam President vun der Bauerenzentral.
  • Hoai Thu Nguyen Doan

    Funktionéiert Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg? Wat muss verbessert ginn? Doriwwer geet rieds mat der Ekonomistin vun der Handelskammer.

  • Claude Marx

    Mir schwätze mam Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF iwwer d'Entwécklungen op der Finanzplaz Lëtzebuerg.

  • Marc Goergen

    Wéi een Tëschebilan zitt d'Piratepartei vun hirer Chamber-Aarbecht a wéi kommentéiert si d'Affär ronderëm déi ëmstridden Datebanken?

  • Léon Losch

    Mam Direkter vun der National-Lotterie schwätze mir iwwer d'Resultater 2018, nei Produkter, d'Konkurrenz an iwwer d'Thema Spillsucht.

  • Fernand Etgen

    E Gespréich mam Chamberspresident iwwer déi turbulent Sëtzung vun der leschter Woch an d'Suite vum Verfassungsprozess.

  • Fernand Kartheiser

    Den ADR-Deputéierten iwwer d'Relatiounen tëschent der Oppositioun an der Regierungsmajoritéit an d'Reforme vum Wahlsystem an der Verfassung

  • Marc Baum

    Den Deputéierte vun déi Lénk iwwer Datebanke, Chamber-Kommunikatioun a Verfassungsreform

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen