Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Laura Ruiz Ferreres

Méi wéi just e Klarinette-Cours

Am Kader vum Klenge Maarnicher Festival an an Zesummenaarbecht mat Islek ohne Grenzen ginn dräi Masterclasse fir Gei, Piano a Klarinett organiséiert. Den Ament ass d'Klarinettistin Laura Ruiz Ferreres hei zu Lëtzebuerg op Besuch fir hiert Instrument z'enseignéieren. Den Ofschloss vun dëser Masterclass ass  e Samschdeg (06.04.2019) mat engem Concert zu Léiler an der Kierch.

De Luc Boentges huet sech zu Ettelbréck am Conservatoire mat der Laura Ruiz Ferreres getraff, fir méi iwwer d'Masterclass an d'Aart a Weis wéi si enseignéiert gewuer ze ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen