Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Alteritéit

Alteritéit ass e philosophesche Konzept fir Saachen ze beschreiwen, déi eis mat deem konfrontéieren, wat total anescht ass, wat net gräifbar ass, wat mir weder ganz verstoen nach ganz gräife kënnen. Mee wat kéint dat sinn, a wou fënnt een esou eppes? A wat seet dat iwwer eise Rapport zu eis selwer aus?

Rezent Emissiounen

  • Wat ass déi moralesch richteg Handlung?

    Kann ech erausfannen, wéini eng Handlung déi moralesch richteg ass?

  • Individuum oder Institutioun?

    Wat ass méi wichteg an esou enger Bezéiung, wou béid Konzepter vun eneen ofhänken, an dann och nach variéiere kënnen?

  • Wat heescht et gutt ze liewen?

    Wat heescht et wann et de Leit soll gutt goen?

  • Viva la Revolucion?

    Revolt, Revolutioun, Protest - ass dat nach zäitgeméiss? Oder ass et héich Zäit dofir? Wisou kennt et dozou? An ass et ëmmer legitim?

  • Political Correctness an der Sprooch

    Muss een a senger Sprooch ëmmer alles politesch korrekt formuléieren oder ass dës Approche komplett onsënneg an irrelevant?

  • Réckbléckend Prospektiv

    Firwat klappt dat net ëmmer, mat de Virsätz, déi ee sech fir dat neit Joer hellt? Wouru läit et, a wat kann een dogéint maachen?

  • Verhältnis vun de Geschlechter

    Wat bestëmmt d'Verhältnis vun de Geschlechter a wéi soll oder dierf een haut matenee kommunizéieren, respektiv dierf haut nach geflirt ginn?

  • Däerf Satir alles?

    Satir ass vun Natur aus kontrovers, an et ass definitiv näischt, wat all Mënsch muss gefalen. Satir well jo och ebe grad net all Mënsch gefalen. Mee wei wäit däerf se dobäi goen?

  • 100 Joer Armistice

    Firwat bedeit dat net 100 Joer Fridden? Ass Fridden iwwerhaapt dauerhaft méiglech? A wat ass iwwerhaapt Krich?

  • Firwat Politik?

    Eng Analys vun der Fro, firwat Politik iwwerhaapt gutt ass a firwat dat mech soll interesséieren?

  • Si mir, wat mir iessen?

    Dat, wat mir iessen, mee och säin Ursprong, seet net nëmmen eppes iwwer eise Menü aus, mee och iwwer eis Bezéiung zur Ëmwelt.

  • Sträitkultur

    Hunn mir als Gesellschaft verléiert richteg mateneen ze streiden? Wat verréit eis Sträitkultur iwwer eis an eis Gesellschaft?

  • Den Doud feieren?

    Den Doud ass en eescht Thema fir vill Leit, an en huet e groussen Afloss op den Alldag an op mënschlech Kulturen. Mä kann een dat Thema net anescht ugoen?

  • Wat ass eng lëtzebuergesch Identitéit?

    Mat Hëllef vun engem Bild, engem Gedankenexperiment soll gekläert ginn, wat haut Identitéit ass a wéi dëst d'Thema zu Lëtzebuerg kéint geduecht ginn.

  • Si Wahlen ondemokratesch?

    Si Wahlen demokratiefeindlech? Wann net, firwat ginn dann ëmmer manner Leit wielen? A wa jo, firwat? A wat wär d'Alternativ?

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen