Een Thema, e Buch

Michel Delage Valerija Berdi

Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Julie Otsuka - Wovon wir träumten

Julie Otsuka zeechent an hirem Roman "Wovon wir träumten" en aussergewéinleche Portrait vun der Immigratioun vu Japanerinnen an d'USA am Ufank vum 20. Joerhonnert. D'Frae ware mat falschen Informatiounen a Verspriechen an Amerika gelackelt ginn, a wat si an der Realitéit erwaart huet, beschreift d'Julie Otsuka a ganz besonnescher Form. Valerija Berdi.

Rezent Emissiounen

  • Eng Biographie, déi net hält, wat se versprécht

    Den Historiker Yves Steichen huet dem Thierry van Wervecke eng Biographie gewidmet, déi leider net hält, wat se versprécht. Liesenswäert ass se trotzdem.

  • Ee rosene feministesche Porno

    Mat hirem radikale Roman ''Lust'' hat d'Elfriede Jelinek 1989 ee weidert Beispill fir hir "Literatur der zornigen Auflehnung" geliwwert.

  • Sexuell Versklavung als ultimative Liibesbeweis

    De Sado-Maso-Roman "Histoire d'O", deen 1954 ënner dem Pseudonym Pauline Réage verëffentlecht gouf, gëlt als grousse Klassiker vun der erotescher Literatur. 

  • John Cleland - Fanny Hill

    E schmuelt erotescht Bichelchen aus dem 18. Joerhonnert suergt och haut nach fir Opreegung.

  • D'Wierder an d'Faarwe vun der Natur

    D'Wierder feelen eis sief et fir och nëmmen déi banaalste Landschaft ze beschreiwen. Mee dat war net ëmmer esou, stellt den Historiker Romain Bertrand fest.

  • Andrea Wulf - Alexander von Humboldt und die Erfindung der Natur

    "Wissen, so Humbolds Überzeugung, musste geteilt und ausgetauscht werden und allen Menschen zur Verfügung stehen."

  • Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit

    En neit Buch, erausgi vun der Fondatioun Lydie Schmit, beschreift fir d'éischte Kéier d'Geschicht vun de Schülerzeitungen zu Lëtzebuerg.

  • Charles Barthel - Tous les défis du monde

    Den Historiker Charles Barthel retracéiert a sengem Buch d'Grënnung vun der Fédération des Industriels Luxembourgeois.

  • Gedichter ronderëm de Mound

    De Mound an der Poesie - eng Selektioun vun däitschen a franséische Gedichter aus laang vergaangenen Zäiten.

  • Ulrich Woelk - Der Sommer meiner Mutter

    E Coming of age-Roman, dee mat der Moundlandung vill gemeinsam huet.

  • Paul Auster - Moon Palace

    "De Mound ass Mythos, e stralend Diana, d'Bild vun all deem, wat an eis däischter ass. Mound ass Phantasie, Léift, Wahnsinn."

  • Mäin Duerf, wann ech zeréck kommen...

    Dem Italiener Cesare Pavese säi leschte Roman "La Luna e i falò" (1950) ass eng Reflexioun iwwer Heemecht, Exil, Erënnerungen an Desillusiounen.

  • Godfather um Mound

    Sou gëtt an engem Joerhonnert d'Muecht um Mound ëmkämpft! "Nouvelle Lune" (New Moon) ass den Optakt vum Ian McDonald seng Science fiction-Trilogie "Luna".  

  • Jaroslav Rudis - Winterbergs letzte Reise

    Berlin, Prag, Wien, Austerlitz, Budapest, Zagreb, Sarajevo: Eng aussergewéinlech Rees an eng beandrockend Literatur, déi vill ze soen huet.

  • Claudio Magris: "Danubio"

    Reesbericht, Kulturgeschicht, Reflexioun iwwer d'Zäit, iwwer Krich a Fridden, iwwer Europa ... De Claudio Magris hat der Donau 1986 ee beandrockend Denkmal gesat.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen