Een Thema, e Buch

Michel Delage Valerija Berdi

Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Julie Otsuka - Wovon wir träumten

Julie Otsuka zeechent an hirem Roman "Wovon wir träumten" en aussergewéinleche Portrait vun der Immigratioun vu Japanerinnen an d'USA am Ufank vum 20. Joerhonnert. D'Frae ware mat falschen Informatiounen a Verspriechen an Amerika gelackelt ginn, a wat si an der Realitéit erwaart huet, beschreift d'Julie Otsuka a ganz besonnescher Form. Valerija Berdi.

Rezent Emissiounen

  • Mäin Duerf, wann ech zeréck kommen...

    Dem Italiener Cesare Pavese säi leschte Roman "La Luna e i falò" (1950) ass eng Reflexioun iwwer Heemecht, Exil, Erënnerungen an Desillusiounen.

  • Godfather um Mound

    Sou gëtt an engem Joerhonnert d'Muecht um Mound ëmkämpft! "Nouvelle Lune" (New Moon) ass den Optakt vum Ian McDonald seng Science fiction-Trilogie "Luna".  

  • Jaroslav Rudis - Winterbergs letzte Reise

    Berlin, Prag, Wien, Austerlitz, Budapest, Zagreb, Sarajevo: Eng aussergewéinlech Rees an eng beandrockend Literatur, déi vill ze soen huet.

  • Claudio Magris: "Danubio"

    Reesbericht, Kulturgeschicht, Reflexioun iwwer d'Zäit, iwwer Krich a Fridden, iwwer Europa ... De Claudio Magris hat der Donau 1986 ee beandrockend Denkmal gesat.

  • Robert Menasse - Kritik der europäischen Vernunft

    "Was fehlt? Vieles. Was kann ich noch anfügen? Ein pathetisches Wort: Es lebe die Europäische Republik!"

  • Dem Drieu la Rochelle säin Europa

    1928 hat de franséische Schrëftsteller Pierre Drieu la Rochelle, spéideren Nazi-Kollaborateur, fir d'Vereenegt Staate vun Europa plädéiert.

  • Yoko Ogawa - Zärtliche Klagen

    "Es ist nur wegen des Cembalos, versuchte ich mich zu beruhigen. Es ist sein Timbre, das dir so nahe geht."

  • Dem Akutagawa seng Obsessiounen

    Am "Patient X. The Case-Book of Ryunosuke Akutagawa" geet den David Peace engem vun de wichtegste japanesche Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert op d'Spur.

  • Julie Otsuka - Wovon wir träumten

    En aussergewéinleche Portrait vun der Immigratioun vu Japanerinnen an Amerika

  • "Si hate verstanen, wéi gëeent si waren"

    Eng Revolt géint déi onmënschlech kapitalistesch Ausbeutung: dem Kobayashi Takiji säi Klassiker "Le Bateau-usine" (1929) ass ëmmer nach héich-aktuell.

  • Saleem Haddad - Guapa

    Nine-eleven, arabescht Fréijoer, eng Grousmamm, déi alles zesummenhält a matzen dran, d'Sich no der Identitéit, déi keen esou richteg begräife kann.

  • Hunter S. Thompson: "Hell's Angels"

    Een nach onbekannte jonke Schrëftsteller sollt 1967 mat sengem Buch iwwer déi kalifornesch Motorradgang seng Carrière als Gonzo-Journalist lancéieren.

  • Gérard de Cortanze - Zazous

    Et gouf vill Manéieren den Nazien d'Stier ze bidden. Eng dovu war déi vun den "Zazous", matten am besate Paräis ...

  • Mécht de Begrëff "Subkulturen" nach Sënn?

    Zwee italienesch Soziologe fanne "Lifestyle" hautdesdaags méi gëeegent fir gewësse sozio-kulturell Praktiken ze beschreiwen.

  • Ulrike Moser -Schwindsucht

    Eng Rees an déi kulturell Geschicht vun der Tuberkulos am däitschsproochege Raum

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen