Klangbiller

Jamie Reinert

Mat engem spatzen Ouer ginn déi alldeeglech Kläng op eemol spannend. Personnagen, Plazen an Ereegnesser ziele mat hiren Téin Geschichten, déi an dëser Sendung an hirer rauer Pruecht erfaasst ginn.

Aire de Berchem

De bëllege Brennes lackelt allerlee Chaufferen op d'Aire de Berchem. Eng éischter gelungen a gro Plaz duerch déi e konstante Stroum vu Mënsche reesen. Wéi héiert sech d'Raschtplaz un? A wie begéint een hei Moies um hallwer zéng? Den Jamie Reinert mat engem Klangbild vun der Aire de Berchem.

Rezent Emissiounen

  • An der Bakstuff

    "Dat schmaacht nach ëmmer esou gutt, wéi den éischten Dag"

  • Um Chantier

    Schifer, Gipsplacken a Gekabels

  • Doudegriewer: Graf op, Graf zou

    Bei der Aarbecht vum Doudegriewer Jérôme Controguerra war den Jamie Reinert mam Mikro debräi fir e Klangbild vun engem Kierfecht.

  • Paradiso

    Eng Gare wéi keng aner

  • D'Stëmm vum Stol

    Op der fréierer Schmelz du Diddeleng mam Misch Feinen

  • Um Maart

    E verschneite Mëttwoch Moien um Knuedler

  • Kokosnëss, Kabes a Kaméidi

    Am Toun-fir-Bild Studio héiert een allerhand Saachen.

  • Aire de Berchem

    Moies um hallwer zéng op der Raschtplaz

  • Menny Olinger

    Op der Schläifmille beim éischter diskrete Sculpteur

  • Paul Kayser

    Beim Organist um Ducksall vun der Paterekierch

  • Jean-Pierre Reitz

    Op Besuch am Atelier vum Péitenger Geiebauer

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen