Mobil Revolutioun: Vum Festnetz bei 5G

94 Prozent vun de Lëtzebuerger hunn ee Smartphone. 2017 goufe weltwäit ronn 1,8 Milliarde portabel Telefone verkaf. D'Grenz vun dräi Milliarde Mobilfunk-Benotzer weltwäit soll an zwee bis dräi Joer iwwerschratt ginn. Net méi laang, da steet och nees eng nei Mobilfunk-Generatioun an d'Haus.

Lëtzebuerg wëllt bei der Exploitatioun vu 5G eng Virreiderroll spillen. De Claude Faber beliicht d'Entwécklung vum Mobilfunk, weltwäit an zu Lëtzebuerg a gëtt en Ausbléck op zukünfteg Technologien.

Wéi gi Mobilfunknetzer geplangt an opgebaut?

Ee Mobilfunknetz muss technesch a logistesch gutt geplangt sinn. Laut Netzbedreiwer ginn zu Lëtzebuerg 97 Prozent vum Land mat enger 4G Netzverbindung couvréiert. Fir dëse Pourcentage kënnen ze garantéieren, fir ëmmer méi Utilisateuren kënnen zefridde ze stellen a fir nei Technologien, wéi zum Beispill de 5G kënnen anzeféieren, muss deemno och d'Infrastruktur vun de Mobilfunknetzer stänneg kontrolléiert a reguléiert ginn.

Rezent Emissiounen

  • Genaratioun 5G

    Fir d'Digitaliséierung vun der Gesellschaft, a besonnesch déi vun der Industrie kënne weiderzedreiwen, ass ee performant 5G-Netz sécherlech onëmgänglech.

  • Mobilfunk a Gesondheet?

    Bei Mobilfunk a Gesondheet denkt een direkt un déi eege Gesondheet. Déi vun de Leit, déi d'Rohstoffer ofbaue fir d'Handyen ze produzéiere gëtt gär vergiess.

  • Wéi gi Mobilfunknetzer geplangt an opgebaut?

    Iwwerall an zu all Zäit en Zougang zum Internet hu setzt eng Infrastruktur viraus, déi permanent a flächendeckend funktionéiert.

  • Eng rasant Entwécklung: D'Geschicht vum éischten Mobilfunknetz bis bei 4G

    Datt mir haut alleguer ee Smartphone hunn, hu mir praktesch engem briteschen Inventeur mam Numm David Edward Hughes ze verdanken.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen