Invité am Moies-Magazin

De Jacques Brel hätt den 8 Abrëll 90 Joer kritt (Foto: Jac.de Nijs/Anefo)

Marc Clement iwwer de Jacques Brel

De Jacques Romain Georges Brel ass den 8. Abrëll 1929, virun 90 Joer zu Schaerbeek an der Belsch op d'Welt komm, an hien ass den 9. Oktober 1978 zu Bobigny an Frankräich gestuerwen, un enger Kränkt, déi sécher symptomatesch fir déi Zäit war, wou Fëmmen absolut gesellschaftsfäeg war, nämlech u Longekriibs. De Jacques Brel, och wann hie scho viru 40 Joer gestuerwen ass, bleift an der Erënnerung vun de Mënschen, duerch seng Musek ganz sécher, mee awer och duerch säin aussergewéinlechen Don, wéi hie seng Lidder interpretéiert huet. De Marc Clement aus der 100,7-Museksredaktioun iwwer de Jacques Brel.

 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen