Invité am Moies-Magazin

Alain Holtgen a Pascal Durante

Fir op der Brieder ze stoen, déi d'Welt bedeiten, muss een engersäits Talent hunn, anerersäits awer och all méiglech Technike léieren, an dat am Beschte vu Profien. Zanter en etlech Jore gëtt et an deem Kontext eng Theater-Schoul, d'Ecole de Théâtre, déi hautdesdaags am Neiduerf an der Stad ze fannen ass. Hei gi Coursen offréiert, awer och Stagen a Workshoppen, sou z. B. de Sonndeg, 14. Abrëll "Les stages théâtre débutants" fir Erwuessener. Iwwer dee Stage, wéi och iwwer d'Ecole de Théâtre, déi et zanter 20 Joer gëtt, geet rieds..

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen