Alain Holtgen a Pascal Durante
Fir op der Brieder ze stoen, déi d'Welt bedeiten, muss een engersäits Talent hunn, anerersäits awer och all méiglech Technike léieren, an dat am Beschte vu Profien. Zanter en etlech Jore gëtt et an deem Kontext eng Theater-Schoul, d'Ecole de Théâtre, déi hautdesdaags am Neiduerf an der Stad ze fannen ass. Hei gi Coursen offréiert, awer och Stagen a Workshoppen, sou z. B. de Sonndeg, 14. Abrëll "Les stages théâtre débutants" fir Erwuessener. Iwwer dee Stage, wéi och iwwer d'Ecole de Théâtre, déi et zanter 20 Joer gëtt, geet rieds..