Post vum Guy

Guy Helminger

De Schrëftsteller Guy Helminger schéckt dem radio 100,7 regelméisseg Post.

Brasilianesch Postkaarten - De Schrëftsteller Guy Helminger um Tour

De Guy Helminger ass nach ëmmer a Brasilien ënnerwee, wou hien op Unien an a Goethe-Instituter liest an d'lëtzebuergesch Literatur bekannt mécht. Mee hien hëlleft och bei soziale Projeten, wéi dem Gastromotiva. Zu São Pedro de Alcântara trëfft hien op Auswanderer, déi hir Wuerzelen am Ländchen an an Däitschland hunn, a méi wéi een Detail erënnert op de Stroossen un déi al Heemecht.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen