Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Hire räiche Gittarevocubulaire war et, dee Built to Spill an den 1990er zu enger vun deene richteg interessanten amerikaneschen Indie Rock Bands gemaach huet. Hiren Héichpunkt erreecht Built to Spill virun zwanzeg Joer mat der Plack "Keep It Like A Secret". De Marc Clement bréngt den Album-Opener "The Plan" mat.

Villschichteg horizontal Musek, déi de Bols senkt, vum Kurt Wagner & Co. Den Album vun der Woch kléngt déi Kéier berouegend mat villschichteger Musek vu Lambchop. D'Band vun Nashville deet de Jamie Reinert mat der neier Scheif "This (is what I wanted to tell you)" nees dreemen. 

D'Billie Eilish ass mat Tourette an Asthma geplot. Enn Mäerz releast déi jonk Pop Musekerin den Debut Album "When We All Fall Asleep, Where Do We Go?". D'Anne Georges probéiert eng Äntwert ze fannen an interesséiert sech fir schlëmm Bouwen. "Bad Guy" geet ënner d'Haut an definitiv net méi aus dem Kapp.

Mat "Songs From A Room" huet sech de Kanadier Leonard Cohen, viru genee fofzeg Joer, an der Songwriter-Elite etabléiert. Wat beim Dylan sengem "Blonde On Blonde" fonctionnéiert, deet et och fir dem Cohen seng "Songs From A Room": keen Instrument ze vill, allerdéngs en Hauch vu Country, schliisslech läit Nashville net wäit aus de Féiss. De Fred Medernach geet nach eemol op dëst Wierk an. 

Nieft dem Concertstipp, den Albume vun dëser an der nächster Woch an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlëscht, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vun Unkle, Arcade Fire, Chemical Brothers, Angela Aux, Slowthai, Amyl And The Sniffers a Vampire Weekend.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

    E Food For Your Senses Special

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen