Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Glen Hansard - This Wild Willing

De Glen Hansard ass a senger Heemecht Irland eng Legend. Mat senger Band The Frames huet hien d'ganz 90er duerch déi Dubliner Musekszeen erfreet. Seng Soloplacken, déi hien elo zanter sechs Joer erausbréngt, weisen eng ëmmer méi grouss Sophisticatioun am Songwriting. Op senger schéi betitelter fënnefter Soloplack "This Wild Willing" bréngt hien d'Konschstéck fäerdeg, Folkrock Songwriting mat all sengen Instrumenter, Fiedel inclus, mat e puer ausgesichten elektroneschen Elementer zu engem radikal moderne Sound zesummenzeschmëlzen. De Marc Clement presentéiert dëse besonnesche Worf.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen