Fräie Mikro

radio 100,7

Mir informéieren Iech, datt eis Rubrik "Fräie Mikro" vun der Rentrée un, dëse 16. September, virleefeg suspendéiert ass.

D'Meenungsvilfalt an den Accès vun der Zivilgesellschaft op eis Antenn si fir eis wichteg a wäerte sech och an Zukunft an eisem Programm zeréckspigelen. Mir schaffen un engem neie Konzept, deen dem "Fräie Mikro" eng nei a méi kohärent Plaz an eisem Programm gëtt.

Ontransparent Politik

Kritesche Journalismus schéngt hei am Land meeschtens bedeitend manner Wierkung ze hu wéi an eisen Nopeschlänner. Och wa wichteg Problemer opgedeckt ginn, och wa richteg argumentéiert gëtt, verschwannen esou kritesch Interventioune séier, an ouni eng Spuer ze hannerloossen. An dat erkläert sech zum groussen Deel aus der Spezifizitéit vum politesche Mikrokosmos, mengt den Thierry Simonelli.

Rezent Emissiounen

  • Tëscht Hummer an Amboss

    Wéi eng Beweegungsfräiheet bleift enger Gesellschaft déi Angscht huet?

  • Frankreich wier am Krich …

    Frankräich wier am Krich.., mee am Krich géint wien?

  • Lëtzebuerg, wäisse Kulturfleck op der Weltkaart?

    Ass Lëtzebuerg e wäisse Kulturfleck op der Weltkaart, wéi e briteschen Humorist dat virun e puer Deeg behaapt huet ?

  • Mat Bildungspolitik op d'Dogmen vum IS reagéieren

    Op d'Dogme vum Islamesche Staat muss Europa mat der richteger Bildungspolitik reagéieren, mengt de Jean-Luc Thill. Zu Lëtzebuerg kéint dee geplangte Wäerteunterrecht eng wichteg Roll spillen.

  • Kommunikatioun an der Flüchtlingspolitik

    Eng nei Sachlechkeet an der europäescher Flüchtlingspolitik wär wënschenswäert, mengt de Romain Goerend.

  • Reform vum Nationalitéitegesetz

    Si verschidden Ännerungen am Nationalitéitegesetz noutwenneg?

  • Nation Branding: Kann een e Staat vermaarten?

    Zënter Méint gëtt intensiv un der Marque Lëtzebuerg geschafft. Kann een e Staat vermaarte wéi e Produit? Firwat soll een dat iwwerhaapt? E puer Iwwerleeunge vum Simone Beck.

  • Mir si Stau

    Mir si Stau. De Marc Glesener mécht sech doriwwer seng Gedanken.

  • Brout a Spiller

    D'Lëscht vun de Skandaler ronderëm Korruptioun an der FIFA a ronderëm de Profifussball am grousse Ganzen ass laang. An inspiréiert den Denis Scuto zu engem historesche Vergläich.

  • Kultur oder Cool-Tour?

    Blummen um Graf oder e Kürbis op der viischter Dir – anything goes géif de Feyerabend soen. E puer Iwwerleeungen iwwert d'Hierschtzäit vum Jean-Luc Thill.

  • Wat bréngt de Sträit iwwer den Artuso-Rapport?

    Nodeems am Juni an der Chamber mat vill Dignitéit d'Juddeverfolgung am 2. Weltkrich thematiséiert gouf, versichen eenzel Kritiker elo, lauter Hoer an der Zopp ze sichen. Dat geschitt sécherlech net ouni Hannergedanken, mengt de Laurent Moyse.

  • Mat Courage geint d’Ängschten!

    Et gëtt gesot mir sollen op d’Ängschte vun de Leit lauschteren. Kaum gëtt vun der Flüchtlingsfro geschwat gëtt dës scho mat Ängschte verbonnen, mengt d'Laura Zuccoli.

  • De Konflikt am Noen Osten net vergiessen

    D'Danielle Igniti bedauert déi nei Gewalttätegkeeten am Konflikt tëscht Palästina an Israel. Ee Konflikt, deen wéinst de Kricher am Irak an a Syrien wéineg Opmierksamkeet kritt.

  • Flüchtlinge gëscht an haut

    Um Beispill vum Ëmgank mat Flüchtlinge weist den Historiker Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg, wéi historesch Fuerschung kann hëllefen, haut déi richteg politesch Entscheedungen ze treffen.

  • E Weltkrich oder e weltwäite Krich?

    Ob mer d’Situatioun vun haut als 3. Weltkrich bezeechnen oder se mam 30-Järege Krich aus dem 17. Jorhonnert vergläichen – eppes ass fir d'Simone Beck kloer: Aus der Geschicht léiere mer näischt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen