Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.
Papperlapop

Louis Cole
De Louis Cole liwwert Andréck vu senger leschter Scheif "Live Sesh and Xtra Songs", déi ufanks Abrëll um Flying Lotus sengem Brainfeeder Label erauskoum. Mam Jamie Reinert schwätzt hien iwwer witzeg Musek, Stéphane Grappelli a seng Fantasy Besetzung.
Playlist:
- Merchant - Rub-A-Dub Soka (Tropical Trips Vol.1, 29.03.2019 - Cree Records)
- Louis Cole - Thinking (Live Sesh) (Live Sesh and Xtra Songs, 5.04.2019 - Brainfeeder)
- Louis Cole - Doing The Things (Live Sesh and Xtra Songs, 5.04.2019 - Brainfeeder)
- Louis Cole - My Buick (Live Sesh) (Live Sesh and Xtra Songs, 5.04.2019 - Brainfeeder)
- Happy End - Dakeshimetai (Kazemachi Roman, 20.11.1971 - URC Records)
- Frank Zappa - Cosmik Debris (Apostrophe ('), 22.03.1974 - DiscReet)
- Frank Zappa - Montana (Over-Nite Sensation, 7.09.1973 - DiscReet)
- Wendy Rene - After Laughter (Comes Tears) (Single, 1964 - Stax)
- Budos Band - Maelstrom (The Budos Band V, 12.04.2019 - Daptone Records)
- Lou Reed - Street Hassle (Street Hassle, 1.02.1978 - Arista Records LLC)
Rezent Emissiounen
-
Skarbø Skulekorps
Frësche Wand aus Norwegen - E Septett deen et drop huet
-
Tigran Hamasyan
Den armenesche Pianist gëtt en Abléck a seng kniwweleg Musek
-
Itasca
New-Mexico inspiréiert Folk Lidder mat vill Raum
-
Woolen Men
E Live Matschnëtt vun der Band vu Portland am September 2018 zu Lëtzebuerg
-
Devendra Banhart Mixtape
Rar Folk Tracks, Ambient Meditatiounen, verspillten elektronesch Musek a villes méi
-
Joey Burns
Ee vun den Haaptkäpp vu Calexico zielt iwwer d'Zesummenaarbecht mat Iron & Wine.
-
André Ethier
De kanadesche Museker hellt mat a säi magesche Sumpf.
-
Larry Gus
En exzentresche Griich, dee Pop dense sculptéiert.
-
Ruth Garbus
D'Musekerin aus dem Vermont geet op "Kleinmeister" an den Detail.
-
Motorpsycho an eng Jazz-Kraut-Listening Session
Gespréicher mam Hans Magnus Ryan (Motorpsycho), Michel Pilz a Wolfgang Seidel
-
Sandro Perri
Den dezente Museker vun Toronto mellt sech zeréck
-
Salami Rose Joe Louis
Daucht an déi verspillten dystopesch Welt vun der Lindsay Olsen an.
-
Eamon Fogarty
Organesch Arrangementer a gelunge Gedanken iwwer Destruktioun a Schéinheet
-
Lusine
Experimentell elektronesch Konstrukter vum Jeff McIlwain
-
Johnny Clegg - De wäisse Zulu
E Gespréich vun 1994 aus eisen Archiven
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen