Feierowendtipp

Nëtzleches, Aktuelles oder och emol Tickete fir eng Manifestatioun. Dat ass de Feierowendtipp um radio 100,7.

Léif Boma, Léiwe Bopa, loosst iech net beducksen!

Eng nei Campagne vun der Police: Nieft Senioresécherheetsberoder a Silversurfer gëtt et elo och eng Campagne, déi sech bewosst oder geziilt un déi méi eeler Leit adresséiert.

Rezent Emissiounen

  • Magic Bombs

    Aacht Schüler aus dem LTB hunn eng Mini-Entreprise gegrënnt a verkafe Som-Kugelen, déi een an de Gaart geheie kann, an et wuesse Blummen eraus.

  • De Kanner-Jugendtelefon sicht nei Mataarbechter!

    De Kanner-Jugendtelefon (KJT) bitt schonn iwwer 25 Joer eng Telefon- an Online-Berodung fir Kanner a Jugendlecher. Eng wichteg Aarbecht, déi vun enger grousser Équipe vu fräiwëllege Mataarbechter geleescht gëtt. Wann dir Loscht an Zäit hutt, zu dëser Equipe ze gehéieren, da gëtt et am September déi nächst Méiglechkeet, un enger spezialiséierter Formatioun Deel ze huelen. Eng Informatiounsversammlung iwwer dës Ausbildung ass schonn den nächste Méindeg, erkläert d'Aline Hartz vum KJT.

  • 29. Open Air Konstfestival zu Lellgen

    Den Open Air Konstfestival zu Lellgen feiert dëst Joer seng 29. Editioun. Net nëmmen an der Kënschtlerzeen, ma och bei ville Konschtinteresséierten, an iwwer d'Grenzen vum Land eraus, ass dëse Festival ee Begrëff. D'Antoinette Lutgen, Presidentin vum Festival-Comité, weess, wat den 23. Juni zu Lellgen alles gebuede gëtt.

  • Null Offall Lëtzebuerg - ee partizipative Workshop

    An dat neit Gesetz fir d'Gestioun vum Offall sollen och Virschléi vun de Bierger mat afléissen. A Presenz vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ginn deemno den Ament Workshopen organiséiert, an denen jiddereen invitéiert ass, seng Iddien op den Dësch ze leeën. D'Simone Dengler vun der Ëmweltverwaltung erklärt, wat een sech ënner dësen "Null Offall Lëtzebuerg" Workshopen virstelle kann.

  • "La nuit au cinéma" mat dem Paul Lesch

    Am Kader vun der aktueller Ausstellung "Nuit", invitéiert den Naturmusée am Stater Gronn op eng Konferenz mam Titel "La nuit au cinéma". De Paul Lesch erkläert mat Hëllef vun enger ganzer Rei Filmzeenen, firwat d'Nuecht am Film net nëmmen op der Leinwand, ma och hannert der Kamera, eppes besonnsches ass.

  • Weltdag vun de Bluttspender

    Mat Bluttspenden kann een Liewe retten oder d'Liewenskonditiounen vu kranken oder verletzte Mënschen verbesseren. Dofir muss de Stock u Bluttspenden awer och konstant oprechterhale ginn. Um Weltdag vun de Bluttspender mécht d'Dr. Andrée Heinricy vum Blutsspendezentrum en Appel un déi regelméisseg Spender, hire Convocatiounen nozekommen, an en allgemengen Appel fir méi Blutt ze spenden.

     

  • 10. Éditioun vum Festival "Cinéma du Sud"

    Och dëst Joer proposéiert de Festival nees interessant Filmer an Diskussiounen ënnert dem Motto "Act now - Global verstoen. Lokal agéieren.". D'Nathalie Oberweis schwätzt iwwer de But vun dësem Festival a wéi eng Filmer um Programm stinn.

  • De neie Vëlos Guide vun der LVI

    Praktesch an einfach.

  • Lëtzbuerger Kuerzfilmer am Kinosch

    E Filmowend mat intressanten Dokumentarfilmer.  

  • Produit du Terroir: Lëtzebuerger Weess, Miel a Brout

    Dat steet och fir 250 Bauerebetriber, 150 Bäckereien an 18.000 Tonne Weess  

  • Move Sylvia Camarda

    En Televisiounsdanz Projet op ARTE

  • Wine Taste Enjoy

    E flott d'Fest op der Musel iwwer de Päischtweekend.

  • D'Journée internationale de sensibilisation aux passages à Niveau ( CFL)

    En Dag, deen zanter 2009 organiséiert gëtt.
     

  • D'Harespele kommen

    Eng Sensibiliséierungscampagne vun natur&ëmwelt 

  • Wou ass de Walter?

    D'Maria, Techniker, Schauspiller an e Radio kënne weiderhëllefen.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen