Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

"Isola nostra": en Documentaire vun der Mariette Schiltz

De Kënschtler a fréieren Enseignant Bert Theis wollt mat senger Konscht ëmmer no bei de Leit sinn. Vu datt hien a seng Fra, d'Mariette Schiltz, domat zu Lëtzebuerg op daf Ouere gestouss sinn, si si viru ronn 30 Joer op Mailand ausgewandert. 2016 ass de Bert Theis no schlëmmer Krankheet gestuerwen. Ufangs Abrëll sinn eng Rei Bert-Theis-Expoen opgaangen, virop am Mudam. An deem Kader weist d'Mariette Schiltz en Documentaire iwwer hir gemeinsam Mailand-Projeten. D'Kerstin Thalau ass méi doriwwer gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen