Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

De Komponist vum Happy Sound

Den Hans Last, oder besser James Last, ass de Kreateur vum sougenannten "Happy Sound", engem Museksstil, mat deem hien a säin Orchester Joerzéngte laang d'Mënsche vu quasi alle Generatioune begeeschtert huet. Hie war um Sommet vu sengem gréisste Succès mat sengem "Happy Sound" bis zu 30 Prozent vum Ëmsaz vun der däitscher Plakkefirma Polydor responsabel. De Bassist, Pianist, Bandleader, Komponist, Arrangeur a Produzent James Last ass den 9. Juni 2015 a Florida am Alter vun 81 Joer gestuerwen. Haut (17.4.) hätt hien 90 Joer kritt a wär sécher nach ëmmer mat sengem Orchester ënnerwee. Mat der Musek opzehale war fir hien, bis zu sengem Doud, ni eng Optioun. Detailer Jean Claude Majerus.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen