Mobil Revolutioun: Vum Festnetz bei 5G

94 Prozent vun de Lëtzebuerger hunn ee Smartphone. 2017 goufe weltwäit ronn 1,8 Milliarde portabel Telefone verkaf. D'Grenz vun dräi Milliarde Mobilfunk-Benotzer weltwäit soll an zwee bis dräi Joer iwwerschratt ginn. Net méi laang, da steet och nees eng nei Mobilfunk-Generatioun an d'Haus.

Lëtzebuerg wëllt bei der Exploitatioun vu 5G eng Virreiderroll spillen. De Claude Faber beliicht d'Entwécklung vum Mobilfunk, weltwäit an zu Lëtzebuerg a gëtt en Ausbléck op zukünfteg Technologien.

Mobilfunk a Gesondheet?

Symptomer wéi Kappwéi, Middegkeet, Schlofstéierungen oder och nach d'Entstoe vu Kriibs a schiedlech Auswierkungen op neuronal Aktivitéite ginn ëmmer méi a Relatioun mat den elektromagnéitesche Wellen gesat, déi vun Handyen a Smartphonen ausginn. Ee gewëssen SAR-Wert reegelt allerdéngs d'Emissioun vun ze héije Stralungen a schützt domat eis Gesondheet. Et feelen awer Laangzäit-Etüde fir méi genee Aussoe maachen ze kënnen.

Rezent Emissiounen

  • Genaratioun 5G

    Fir d'Digitaliséierung vun der Gesellschaft, a besonnesch déi vun der Industrie kënne weiderzedreiwen, ass ee performant 5G-Netz sécherlech onëmgänglech.

  • Mobilfunk a Gesondheet?

    Bei Mobilfunk a Gesondheet denkt een direkt un déi eege Gesondheet. Déi vun de Leit, déi d'Rohstoffer ofbaue fir d'Handyen ze produzéiere gëtt gär vergiess.

  • Wéi gi Mobilfunknetzer geplangt an opgebaut?

    Iwwerall an zu all Zäit en Zougang zum Internet hu setzt eng Infrastruktur viraus, déi permanent a flächendeckend funktionéiert.

  • Eng rasant Entwécklung: D'Geschicht vum éischten Mobilfunknetz bis bei 4G

    Datt mir haut alleguer ee Smartphone hunn, hu mir praktesch engem briteschen Inventeur mam Numm David Edward Hughes ze verdanken.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen