Invité am Moies-Magazin

Claude Weber an Donato Laera

Den 10. Dezember 1948, eppes méi wéi dräi Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich, huet déi jonk UNO déi "Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter" proklaméiert. Eng Deklaratioun an 30 Artikelen, déi grondleeënd Usiichten iwwer d'Rechter, déi jiddwer Mënsch zoustoe sollten. Wat sinn déi Mënscherechter, wéi a wou, oder wou net, gi se respektéiert. A sinn Mënscherechter och een Thema an engem Rechtsstaat wéi Lëtzebuerg? Äntwerten doriwwer ginn déi zwee Vertrieder vun der Asbl Action Luxembourg Ouvert et Solidaire - Ligue des Droits de l'Homme, déi rezent d'Buch "Spots" erausbruecht huet: eng Zesummefaassung vun Artikelen, déi d'Asbl déi lëscht siwe Joer an der Wochenzeitung Le Jeudi publizéiert huet.

Rezent Emissiounen

  • Christiane a Clod Thommes

    Et ass nees esouwäit, Fräiliichttheater zu Groussbous am Prommenhaff. Gewise gëtt dem Jemp Schuster seng Adaptatioun vum Hauptmann senge "Raten"

  • Pierre Urbain

    De President vun der Fédération des Métiers de l'Animation et de l'Image Virtuelle, FMAIV, iwwer de Metier vum Animatiounsfilmemaacher a virtuell Biller

  • Daniel Da Cunha

    De Vertrieder vum Service Culturel vun der Stad Déifferdeng iwwer déi 16. Editioun vum Blues-Express

  • Catherine Decker

    Zu Baku am Aserbaidschan war vum 30. Juni  bis den 10. Juli die 43. Sessioun vum Weltkulturierwecomité.

  • Juliette Pertuy a Laura Star

    D'Buch "Max de butzeg klenge Mikrob, dee gär e Superheld wier" vum Luxemburg Health Institute erkläert Kanner d'Welt vu gudden a schlechte Mikroben.
     

  • Alain Damasio

    De renomméierte franséische Science fiction-Auteur anticipéiert mat sengem Roman "Les Furtifs" déi geféierlech Entwécklunge vun der Kontrollgesellschaft. 

  • Antoinette Lorang a Guy Entringer

    100 Joer Société Nationale des Habitations à Bon Marché: e ganz Buch voll Wunnechten

  • Tatiana Chambert

    D'Vertriederin vun der Caritas erkläert, wat d'Maison le temps des femmes zu Heeschdref de migréierten a geflüchte Frae bitt.

  • Romain Buschmann

    President vun der FLMP, der Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire, der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun

  • Laura Miller

    Déi jonk Fussballspillerin ass am Centre de Formation vum FC Metz, a schafft konkret op eng Carrière am Profifusball hin.

  • Jonk BAD

    Bibliothecaire, Archivist, Dokumentalist sinn haut Beruffer mat Perspektiv. Et ginn der eng Hellewull gesicht. Mee déi Jonk hu Prejugéen. 

  • Karin Weyer

    De Kapp an de Sand stieche virun der Radikaliséierung? Keng gutt Iddi  - seht d'Chargée de direction vun der Asbl S.O.S. Radicalisation.

  • Patrick Michaely

    De Vertrieder vum natur musée mat Detailer iwwer d'Konferenz vum Wësseschaftsjournalist Philippe Henarejos: "Les premiers explorateurs de la Lune".

  • Andrée Birnbaum

    Schonn zanter 40 Joer bitt Femmes en détresse zu Lëtzebuerg Fraen eng Plaz fir Hëllef ze kréien. D'Directrice mat Detailer.

  • Isabelle Renoir

    D'Mataarbechterin beim Gemengen-Syndikat Pro-Sud iwwer d'Kandidatur fir de Label Réserve de biosphère vum UNESCO Programm "Man and Biosphere"

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Notizblock

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen