Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Pit Brosius an d'Clara Igisch vum Summer Orchestra Luxembourg

E Fréijoersconcert vun engem Summerorchester

Direkt zwee Concerte sti fir de Summer Orchestra Luxemburg an deenen nächsten Deeg um Programm. Deen éischte mam Titel "Mythos klassesch Musek: En Orchester erkläert" ass muer den Owend (19.4.2019) zu Miersch am Kulturhaus. Deen zweeten ass dann zwee Deeg méi spéit an der Méchelskierch an der Stad. Fir méi iwwer den Orchester an déi zwee Optrëtter gewuer ze ginn, sinn d'Clara Igisch an de Pit Brosius vum Summer Orchestra Luxemburg Invitéë beim Luc Boentges.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen