Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Affiche vum Spektakel "Le petit Prince" an der Opéra Metz-Métropole

Le Petit Prince mam OCL zu Metz

All Joer schafft d'Opéra Metz-Métropole an Zesummenaarbecht mam Kinneksbond Mamer un engem Projet. Beim Spektakel "Le petit Prince", nom Wierk vum Antoine de Saint-Exupéry, handelt et sech eng Hauskreatioun vun der Metzer Oper, an där den Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Fosse sëtzt fir eng Partie Virstellungen fir Schoulklassen, mee och fir déi ëffentlech Virstellungen.

  • Fir Schoulklassen: 24., 25., 26. & 30.4.2019
  • Ëffentlech Virstellungen: 27. & 28.4.2019

De Manuel Ribeiro huet mat der Regisseurin Pénélope Bergeret iwwer de Projet geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen