Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Reut Regev (c) Carsten Fleck

Concerte mee och Artists in Residence zu Diddeleng

D'Trombonistin Reut Regev's a Band spillen den 29. Abrëll am Kulturzenter OpderSchmelz am Kader vum Zyklus "We love Girls".

Geschwënn ass och Zäit fir de festival "Like a Jazz Machine". De Pol Belardi war ee vun den Artists in Residence am Kulturzenter OpderSchmelz a steet zweemol op der Bühn am Kader vum Jazzfestival.

Den Anton Eger, Batteur vum faméisen Trio Phronesis, huet säin éischten Solo-Album beim Label Edition records, erausbruecht.

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

  • Lëtzebuerger Jazz Produktiounen

    E Réckbléck op d’CDen, déi 2015 erauskoumen. Mat Musek ë.a. vum Sascha Ley, Paul Fox, Eugene Bozzetti, Pascal Schumacher, Michel Pilz a Michel Reis.

  • Marc Mangen

    De Marc Mangen huet viru kuerzem en neie Soloalbum um Label NeuKlang erausbruecht. Hien ass ënnert anerem ënnerwee mat sengem Trio.

  • Den amerikanesche Gittarist John Scofield

    Den amerikanesche Gittarist John Scofield zielt nieft dem Pat Metheny an dem Bill Frisell zu de Big 3 - Gittaristen am Jazz.

  • Charles Mingus

    De Charles Mingus gëlt als ee vun de ganz groussen Architekten, ee vun den Pappe vum modernen Jazz.

  • Edith van den Heuvel - Niels Engel

    • De Concert vum Trio Edith van den Heuvel  den 28.11.2015
    • Carte Blanche am Neumünster mam Niels Engel am Dezember 2015
  • Shai Maestro

    De Jitz Jeitz presentéiert den israeleschen Jazzmuseker Shai Maestra.

  • 10 Joer Liquid

    De Pol Belardi an de Pit Dahm kucken haut op 10 Joer Liquid zréck mat virun allem Musek vun Artisten, déi schonn am Liquid gespillt hunn.

  • Michel Pilz

    E Bléck op dem Michel Pilz seng Carrière.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • CD-Klassik - None but the Lonely Heart

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen