Post vum Guy

Guy Helminger

De Schrëftsteller Guy Helminger schéckt dem radio 100,7 regelméisseg Post.

Post aus Brasilien: Méi wéi ee Land

De Guy Helminger ass am Norde vu Brasilien, am Amazonasgebitt ukomm, mee hien huet d'Gefill, ëmmer erëm an engem anere Land ze erwächen. Wat verbënnt Novo Hamburgo oder Nova Petropolis am Süden, wou d'Leit nach zum Deel Däitsch matenee schwätzen, mat enger Stad wéi Brasilia, déi 2.000 Kilometer nërdlech läit a guer net fir do ze wunne geduecht ass. A wat verbënnt déi zwee mat Santarém, eng Hafestad um Amazonas, wou d'Baueren ëm hir Existenz fäerten, well ëmmer méi Bësch futti gemaach gëtt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen