Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    CSV dementéiert, datt se un d'ADR erugetrueden ass / Griichescht Parlament huet Spuerpak gestëmmt / Bëschbränn a Kanada hu sech méi lues ausgebreet.

  • Panorama

    Et gouf keng offiziell Demarche vun der CSV fir eng Koalitioun mat der ADR, sou de Claude Wiseler​ / D'Bëschbränn a Kanada kéinte Méint daueren / ​Futtball: Diddeleng verléiert géint Déifferdeng.

  • Panorama

    Keng offiziell Demarche vun der CSV bei der ADR fir Koalitioun / Griichescht Parlament stëmmt iwwert Austeritéitspak of / Bëschbränn a Kanada breede sech weider aus.

  • Panorama

    CSV viru leschte Wahlen un ADR ugetrueden en vue vu Koalitioun / Bëschbränn a Kanada breeden sech weider aus / Bayern München nees däitsche Football Champion

  • Panorama

    Sadiq Khanneie Labour-Buergermeeschter vu London / Wafferou zu Aleppo verlängert /  Whistleblower vun de Panama Papers mellt sech zu Wuert.

  • Panorama

    Jeannot Krécké sëtzt fir Lëtzebuerger Regierung am Verwaltungsrot vun Arcelor-Mittal / Erdogan refuséiert Reform vun tierkeschen Anti-Terror-Gesetzer / Cyclissem: Bob Jungels 7. op éischter Giro-Etapp

  • Panorama

    Jeannot Krecké vertrëtt Regierung am ArcelorMittal Conseil / Lëtzebuerg wëll Touristen aus China unzéien / Nordkoreanesche Leader wëll Muecht konsolidéieren.

  • Panorama

    28 Doudeger bei Attack op syrescht Flüchtlingslager / Davutoglu demissionéiert / Mondorf ass an der Coupe Final - Liverpool spillt déi vun der Europa League.

  • Panorama

    28 Doudeger bei Attack op syrescht Flüchtlingslager / Davutoglu demissionéiert / Mondorf ass an der Coupe Final - Liverpool spillt déi vun der Europa League.

  • Panorama

    LuxLeaksprozessPwC fuerdert symboleschen Euro / Waffestëllstand zu Aleppo / Viraussiichtlech Regierungswiessel an der Tierkei.

  • Panorama

    LuxLeaks-Prozess: Defense fuerdert Fraihsproch vun Ugeklotenen / Jeannot Krécké als Member vun Arcelor Mittal- Verwaltungsrot konfirméiert / EU-Kommissioun recommandéiert Ophiewe vu VISA-Pflicht fir Tierken

  • Panorama

    Iwwer 7,5 Milliarden direkt Steieren 2015 agezunn / Menthol-Zigarette gi vun 2020 u verbueden / Ted Cruz gëtt op, Wee fräi fir Donald Trump

  • Panorama

    Kanada: Evakuéierung vu Fort McMurray wéinst Bëschbrand / USA: Trump wënnt am Indiana, Cruz gehait d'Handduch / ​Luxleaks-ProzessPlädoyeren haut um Programm

  • Panorama

    Kanada: Evakuéierung vu Fort McMurray wéinst Bëschbrand / USA: Trump wënnt am Indiana, Cruz gehait d'Handduch / ​Futtball Championsleague: Atlético Madrid eliminéiert Bayern München

  • Panorama

    LuxLeaks-Prozess: Deltour hätt Rulingen wéinst Contenu viruginn / Demo fir Gesondheets- a Fleegesecteur net néideg, seet Regierung / Staatsmusée mécht Spendenopruff fir Uelech-Tableau

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen